>>
Nice gewënnt géint de PSG
Resultater am Europäesche Football: Bayern München-Dortmund 5:0; Leverkusen-Stuttgart 3:0; Bordeaux-Caen 2:1; Nice-PSG 3:2...
Fir de Kont vum 28. Spilldag an der däitscher Bundesliga gouf et zwou däitlech Heemvictoiren: d’Bayern 5:0 géint Dortmund a Leverkusen 3:0 géint Stuttgart.
Um 33. Spilldag a Frankräich blouf Bordeaux 2:1 Meeschter géint Caen an Nice 3:2 beim Paris St Germain.
Fir de Kont vum 30. Spilldag an der Belsch huet am Derby vu Bruges den FC de Cercel mat 1:0 geschloen, an Anderlecht de GB Antwerpen mat 2:0.
Um 30. Spilldag an der Schwäiz huet Aarau, de Veräi vu Jeff Saibene a Mario Mutsch, beim FC Zürich 0:0 gläich gespillt. |