|
|
|
|
 |
Last Update vun den Info News: 08/10/07 |
>> Uewerkuer: Zeienopruff vun der Police wéint Iwwerfall mat Pistoul....
An engem Bistrot zu Uewerkuer an der rue de la Gare gouf en Abriecher matt enger Pistoul am Hannerhaff vun engem aner Mann iwwerrascht. Den Täter huet nët op de Mann geschos, mee en huet e geschloen a blesséiert an ëm Sue geklaut. Den Abriecher ass dunn zu Fouss fortgelaf a Richtung Déifferdéng. D’Police huet eng Sichaktioun lancéiert, matt Helikopter, Hënn a Patroullen. De Verdächtegen ass a südlännesche Mann, 25 Joer al, 1 Meter 80 grouss, schlank, en huet donkel kuerz Hoer, eng wäiss Joggings Jacket unn, eng schwaarz Box a wäiss Turnschlappen. En huet méiglecherweise eng Schnëttwonn. All Informatioune si fir den 113.
|
>>
Steier- a Familje-Mesure fir Budget 2008 bekannt
D'nächst Joer kréien all Elteren 922,5 € Kanner-Bonificatioun. D'Steier-Tabell gëtt 6% ugepasst. Déi Mesure kaschten 300 Milliounen Euro....
Beim Kanner-Geld mecht dat eng Vergënschtegung vu 922,5 Euro d’Joer pro Kand. Déi Suë ginn eemol d’Joer ausbezuelt. Am Prinzip as dat am Mäerz de Fall… di éischt Tranche kéint awer e bëssel Retard kréien, d.h. eréischt am Juli fälleg ginn. Dovunner profitéieren am meeschten déi Leit, déi bis elo keng Steiere bezuelt hunn, also Kleng- a Mëttel-Akommes. D’Upassung vun der Steier-Tabell un d’Deirecht da wäert bei 6% leien. Eng aner Moosnahm betrëfft den Arbeitnehmer-Fräibetrag, deen vum 1. Januar 2009 uns wéi e Steier-Kredit fonctionnéiere soll. Dat heescht vun deem Ament u kritt all Beschäftegten zu Lëtzebuerg 233 Euro d’Joer a sénger Pei bäi. Déi Suë gi vum Patron bezuelt, deen Se dono ofsetze kann. |
>>
ArcelorMittal investéiert all Joer 920 Milliounen Euro
ArcelorMittal wëll bis 2012 all Joer 920 Milliounen Euro an d'Stolwierker an Europa investéiren....
De Lëtzebuerger Member aus dem Direktiounscomité vum gréisste Stolkonzern op der Welt , de Michel Würth, sot dat an engem Interview mat der Financial Times Däitschland. Bei eisem Noper sollen zum Beispill d’Betrieber zu Eisenhüttenstadt a Bremen ausgebaut ginn. D’Nofro fir Stol wier an der lescht zolitt geklommen an d’Zesummenaarbëcht tëscht de west- an osteuropäeschen Wierker géif ëmmer méi enk ginn, dëst wieren dann och d’Uersaache fir des nei Investitiounen, sou de Michel Würth.
|
|
|
|
|