| Vun der Grennung bis an 70er Joeren |
 |
Wéi no de laangen a schreckleche Krichsjoeren 1940-45 lues a lues ugefange ginn ass, daat gesellschaftlecht Liewen an eisen Dierfer nees fresch opzebauen an ze organiseieren, dunn hunn sech och an eiser Gemeng e puer sportbegéschtert jonk Kerelen zesummengeson fir eng Football'sequipe opzestellen.
Wuel gouw och schon virum Krich probeiert fir eng Equipe hei am Duerf op Been ze bréngen; et gouw och alt emol ob de "groe Knuppen", niewt der Strooss fir op Nidderanven, engem Ball nogerannt, mee et sollt dach nie zu engem richtége Match kommen. |
| Schuttrange - Munsbach |
|
An déne läschten Krichsjoeren gouwen dann e puer Matcher "wëll" gespillt géint Equipen aus dem "Arbeitslager" vu Schrâsseg". Wann och alle kéier héich verluer ginn ass, sou haat dach eng ganz Partie vu jonke Borschten Spaass un dem Spill fonnt, an esou ass et komm, dass sech am Fréihjoer 1946 eng Handvoll Idealisten "an Houdremont's" zesummen, fond hun fir den F.C. Minsbech ze grönnen. Et waren daat: Madame Anna HOUDREMONT an dei Hären Jempy PARRIES, Nic. MALLER, Jèng REICHER, Flöpp GOEDERT, Jacques BRAUN, Fritz LOOS an Chärel ALTMEISCH. Als President gouw den Här Jean-Pierre PARRIES gewiellt.
|

|
M. Jean-Pierre PARRIES
Premier président FCM |
 |
Sie hun och den 1. Comité forméiert an sech direkt un d'Arbecht gemacht fir eng Equipe zesummenzekréien, an fir de Jongen d'Méiglechkeet ze bidden fir hire Sport können ze bedreiwen. E provisoreschen Terrain ass ugeluecht ginn zu Iwersyren bei der Syr. De Verain ass direkt an d'Fédératioun gemellt gin, an et ass lassgangen mat dem Training. Sonndes no des Vesper gouw bis an d'Nuecht eran traineiert, an et sollt geschwenn zu dem 1. Frendschaftsmatch kommen. Matt 9 Mann ass et am Véihwoon vum Metzler PARRIES an matt fonkelneie genélte Schong op Fluessweiler gaangen. Den 1. Championnatsmatch heiheem gouw am September 1946 géint Nidderdonven ausgedroen an no haardem Kampf mat 4-5 verluer. Fir genuch Leit zesummen ze kréien hunn der alt ennert der Lizenz vun hieren éleren Brudder gespillt, well sie selwer den Alter nach net haaten fir eng eschen Lizenz. Fir d'Déplacementer op déi auswärteg Matcher ass emgewiesselt ginn op den oppene Camion vun dem PARACHINI's Dénz a vun dem FABESCH Ibbes, déi schon bedeitend méi Comfort gebueden hun. Awer och de Velo war Ideal fir virun engem wichtégen Auswärtsmatch richteg a Form ze kommen, an esou sinn se méi wéi eng keier Sonndes mëttes op d'Noopeschdiefer pedaléiert.
|
Mme Anne HOUDREMONT
Présidente d'Honneur
"Gudd Séil vum FCM" |
Eng Bidden kaal Wasser huet missen duergoen fir nom Match de Bulli vun de Knéien ze kraatzen. An dach sin déi sportlech Erfolléger nett ausbliwen. 1948 schon sollt den Opstieg an d'2. Divisioun gefeiert ginn. Dat Joer drop et awer en haarde Schlag fir d'Equipe wei dei Mutferter Spiller de Verein verlooss hunn. Weider Ausfäll sollten et matt sech brengen, dass dei Saison nemmen héich Nidderlaagen agestach gouwen,an dass de Wee zréck an 3. Divisioun nees huet missen ugetrueden ginn.
Ennert der Féierong vum Président Bernard STEFFEN an vun den Traineren DESCHRYVER a PRINTZ ass et dunn mat vill Eifer an Idealismus an dei 50er Joeren gaangen. No viller Egenaarbecht konnt den Terrain vun dem démoolegen Sportminister URBANY ageweiht ginn. Och eng 2. Equipe gouw ugemellt an de Verain ass weider opgebléiht.
Wann et och keng immens grouss sportlech Héichponkten ze verzéchnen gouw, sou hunn d'Spiller um Terrain dach ëmmer hiert Bescht ginn, an och am gesellschaftlechen Liéwen an der Gemeng huet de Football-Club eng fest Plaatz ageholl. |

|
Eng Equipe aus den 50er joeren |
All Joer haaten d'Wisefest an de Fuesbaal am Café HOUDREMONT e groussen Erfolleg, an hunn et erlaabt, fir sech finanziell iwwer Wasser ze haalen. Och daat beléiwten Preiskeelen huet heizou beigedroen. Och e klengen Ausflug iwwer d'Grenz konnt sech emol geléscht ginn (Montbonviller an Jollivet).
Am Joer 1958 ass den éischten Kontakt matt dem déitschen Verain vun SIEGELSBACH (Heidelberg) obgeholl ginn; eng Frendschaft dei haut nach besteet, an emmer erem opgefrescht gett.
 |
Vum Joer 1958 un konnten d'Douchen profitéiert ginn, dei d'Gemeng an der Minsber Schoul installéieren gelooss huet, an am Joer 1961 gouwen och Douchen am Clublokal ageriicht.
1962 ass de neie Fendel ageweiht ginn, an och de neien Terrain, deen vum démoolegen Sekrétär Jemp BERTRAND aménagéiert ginn ass, an dem Verain zur Verfügung gestallt gouw.
Giedel a Pätter vun dem néie Fendel waaren d'Madame Dolly WALDBILLIG an den Här Jacques JOHN.
|
| Vestiaire en plein air |
En neien Opschwong am Verain gouw et wei am Joer 1963 eng SCOLAIRES an eng JUNIORS Equipe gegrënnt gouw. Daat Joer duerno koum nach eng CADETS Equipe derbai.
Daat war och de Grondsteen zou enger intensiver Jugendaarbecht dei bis haut am Club nach emmer grouss geschriwwen ginn ass, dest besonnesch an deene läschten Joeren.
Och e neien Trainer gouw engagéiert an der Persoun vum Jean LAWNICZAK, deen während 4 Joer vill a gudd Aarbecht am Verain geleescht huet, an deen fir dei jénger Spiller e grousst Viirbild, souwuel op sportlechem wei op menschlechem Gebidd bedeit huet.
1967 huet den Här LAWNICZAK de Club verlooss an et sinn schlecht Zeiten ugbrach. Fir Saison 1968-69 gouw den Här Armand TIBOR als Trainer engagéiert, mais bis 1970 sollt den F.C. Minsbech dei schwéierst Zeit vun senger Geschicht duerchstoen. Dei aal Garde, dei ufanks de 60er Joeren Staang riicht gehaalen huet, war net méi do, an dei jonk waaren nach zevill onerfueren, oder haaten de Verain verloos. Iwreg bluewen nacheng gudd Dozen, dei dann all Sonndes hiert Bescht ginn hun, fir Nidderlaagen einegermoosen a Grenzen ze haalen. Fortbestoen vum Verain hung nach un engem denne Fuedem, an nemmen dem Courage vun deene puer Spiller, an den Asaatz vun enzelne Comité's membren ass et ze verdanken, dass Saison 69-70 bis zum batteren Enn gespillt gouw. an dach war de Komerodschaftsgeescht, deen bis zuläscht an der Equipe an ennert de Jongen bestanen huet, nach nie esou grouss gewiescht wéi deemols.
Am Joer 1970 sollt dann e neien Départ geholl ginn. E neie Comité gouw forméiert, matt un der Spetzt dem Här Jacques JOHN. De Pierrot CHRISTEN gouw als Trainer engagéiert a fir dei nei Saison gouwen 3 Equipen gemellt. an et goung nees lues a lues Bierg op.
Zur grousser Zufriddenheet vum ganzen Verain huet Gemeng endlech 1971 den jetzegen Terrain kaaf. Doduerch war des Probleem, den dem Club an deene Joeren virdrunn emmer erem vill Misère a Suergen gemaacht huet, ee fir allemol geléist.
Och déi sportlech Resultater hunn sech weise gelooss. Besonnesch an der Coupe de Luxembourg huet d'Equipe e puermool op sech opmiekrsam gemaach, a jiddereen, den derbei war denkt haut nach gäer zeréck un de memorablen Match an un d'Trainingslager zu Wolz den 3. Januar 1972.
Am Joer 1972 huet de Verain sein 25. Anniversaire gefeiert. De Kontakt mam Club vu SIEGELSBACH gouw nees opgeholl an huet zur Ennerzeechnung vun engem Jumelage-Akt gefouert, dei den 31. Mäerz 1972 war. Nei Statuten gouwen ausgeschafft en den 6. Juli 1973 vun der Generalversammlung ugholl.
Am Joer 1975 gouw e Minibus ugeschaaft, deen speziell beim Transport vun de Jugend Equipen agesaat gouw.
Fir Saison 1976-77 huet de Verain e neie Président kritt an der Persoun vum Här Fernand WEYRICH, deen dei folgend 2 Joer des Fonktioun iwwerholl huet.
Am Joer 1978 gouw eng Damen Equipe gegrënnt, dei den 25. November 1978 (Kiirmessonndeg) hieren éischten Match géint Nidderkuer ausgedroen huet.
Souwait also zur Geschicht vum Football-Club vu Minsbech.
Eng Geschicht matt hieren Héichten an schéinen Momenter, mee awer och mat hieren Déifften en trauregen Ablecker, dei emmer nees iwwerstanen ginn sin, dank dem Asaatz an dem Eifer vun e puer Idealisten. Sou wärten sech och an der Zukunft emmer erem Léit fannen, fir de Verain an der Riicht ze haalen. A wann haut och all aktiven Member matt berechtegem Stolz op daat Erréchtend kann zeréck kuckken, sou sinn mer dervun iwwerzeegt, dass och deene kommenden Joeren ganz berouhegt a vertrauensvoll entgéint gekuckt kann ginn.
An dem Sënn: AS MULTOS ANNOS ! |